Chronik

Chronik vun den Asätz

1928 – 2002

’Zuel vun de Groussbränn wéi se fréier öfters virkomm sinn, ass an deene leschte Joren zréckgaang, iwwerdeems déi technesch Asätz de gréissten Deel vun den Interventiounen ausmaachen.

An enger klenger Chronik ziele mir just eis markantst Asätz op. All déi méi kleng Bränn, Accidenter, Iwwerschwemmungen, Uelegspueren op der Strooss, Ëmweltverschmotzungen oder aner Hëllefsleeschtungen, wéinst deenen d’Pompjeeë geruff goufen, sinn hei net ernimmt. Bei deene verschiddensten Asätz sinn eis Pompjeeën, wéi och schon hir Virgänger, oft op eng haart Prouf gestallt ginn.

 1928

15.07. Brand am Haus Neyen-Lavandier

Säin éischten Asaz hat deen nei gegrënnte Pompjeescorps am Haus Neyen-Lavandier.

D’Feier konnt séier geläscht ginn sou datt et sech net weider ausgebreet huet.

1932

25.10. Kamäinbrand am Haus Friedrich-Wagner

An der Pompjeeszeitung aus dem Joer 1932 konnt ee liesen :

„Gestern abend, gegen halb sieben Uhr, entstand in der Behausung des Herrn Friedrich-Wagner ein Kaminfeuer, das leicht hätte schlimme Folgen haben können, da der Heuschober sich in unmittelbarer Nähe befand. Dank des raschen und zielbewussten Eingreifens unserer neuen Feuerwehr konnte das Feuer auf seinen Herd beschränkt werden, ohne bedeutenden Schaden anzurichten.“

1933

03.02. Kamäinbrand am Haus Nik. Cozette  

19.04. Scheierbrand beim Nik. Cozette  

An engem Artikel an der Pompjeeszeitung vun 1933 huet et esou geheescht :

„Gegen 1 Uhr des Nachmittags wurde unsere Feuerwehr alarmiert. Der Strohschober in der Nähe der Behausung eines hiesigen Ackerers brannte lichterloh. Bald war unsere eifrige Mannschaft an Ort und Stelle und in wenigen Minuten war man Herr des entfesselten Elementes. Schaden: einige hundert Franken.“

05.09. Hausbrand beim Schreiner Quiring

An der Zeitung  stung den aneren Dag:

„Gestern abend, gegen 6 Uhr, wurde unsere Feuerwehr alarmiert. In der Behausung des Schreinermeisters Franz Quiring war Feuer ausgebrochen. In wenigen Minuten schlugen die Flammen über dem Dachstuhl zusammen. Dank des raschen Eingreifens unserer Feuerwehr konnte das verheerende Element auf seinen Herd beschränkt werden. Möbel wurden in Sicherheit gebracht. Versicherter Schaden beläuft sich auf 30 000 Franken.

1934

14.12. Brand um Uwiesen R. Raus-Schram

Am Nomëtteg brécht an der Scheier vum Bauer R. Raus-Schram e Feier aus, bei deem haaptsächlech ongedresche Fruucht verbrannt ass. De Schued war hei net allze grouss, well d’Feier mat Zäite bemierkt gouf.

1936

07.10. Kamäinbrand am Haus Nik Cozette

15.12. Brand beim R. Raus-Irrthum

Duerch e Groussbrand am Uwiese vum Bauer R. Raus-Irrthum, brennen d’Scheier an d’Ställ bis op d’Grondmaueren of.

Mat der Hëllef vun de Pompjeeë vu Fréiseng, Mondorf, Beetebuerg an Esch konnt verhënnert ginn, datt d’Flamen op d’Wunnhaus iwwergegraff sinn. Eng Brandwaach ass op der Plaz bliwwen an et huet nach e puer mol missen agegraff ginn, fir d’Feier auszekréien.

1937

08.03. Brand bei Sinner vun Helleng

1938

13.08. Brand an der Leemillen tëscht Uespelt an Altwies

An engem oppene Stréischapp an der Leemillen ass freides moies géint 6 Auer e Feier ausgebrach.

Well de Schapp d’Verbindung tëscht dem Wunnhaus an der Scheier mat de Ställ gemaach huet, wor d’Gefor grouss, datt d’Feier sech séier kéint ausbreeden.

E Clochard, deen do geschlof huet, soll Schold um Feier gewiescht sinn.

1939

24.11. Brand am Bauerebetrib Prudhomme

Scheier a Ställ stonge schonn an helle Flamen, wéi an der Nuet d’Sirenen am Duerf gaange sinn. D’Pompjeeë konnte verhënneren, datt d’Feier op d‘Uwiese Schmit iwwergegraff ass.

1947

Groussbrand bei Schmit-Kremer         

1951

02.09. Zuchongléck zu Uespelt

Den 2. September sonndes owes ass zu Uespelt en tragescht Zuchongléck geschitt, dat leider dräi Doudesaffer an iwwer 30 Blesséierter gefuerdert huet. Et wor dee schwäerzesten Dag vum „Jangeli“ säit sengem Bestoen.

Deemols sinn an der Gare Uespelt normalerweis géint 19.10 Auer zwee Zich agelaf, an zwar den dampbetriwwenen Zuch Lëtzebuerg-Mondorf-Remich an den Dieselwon Beetebuerg-Uespelt.

Wéinst deem ville Verkéier op de Schueberfouer-Sonndeger, ass awer ausnahmsweis vun der Eisebunn e Spezial-Dieselzuch vu Mondorf aus agesat ginn. Well dësen Zuch awer vergiess gi wor, koum et an  enger oniwwersiichtlecher Rietskéier, ongeféier 200 Meter hannert der Uespelter Gare, zu der onvermeidlecher Kollisioun.

Duerch déi immens Kraaft vum Opprall huet sech d‘Diesellokomotiv vum Mondorfer Zuch an d’Damplokomotiv eragedréckt, an de Won hannert dëser Lokomotiv ass entgleist.

Déi zwee Maschinisten an een Heizer sinn an hire Kabinen erdréckt ginn a woren op der Plaz dout. Dräi Leit goufe schwéier blesséiert an ëm 30 Persoune goufen duerch Glasschiebele méi liicht verwonnt.

D’Uespelter Pompjeeën, a méi spéit och d’Pompjeeë vun Diddeleng a Mondorf zesumme mat Arméi a Gendarmerie, hu bei deenen éischte Biergungs- an Opraumaarbechte wertvoll Déngschter geleescht. Vill Privatleit hu spontan Transportmëttelen an Handwierksgeschier zur Verfügung gestallt.

1952

31.03. Scheierbrand bei Jung-Brandenburger

D’Feier ass géint 1.30 Auer ausgebrach. Ganz séier stungen d’Scheier an d’Ställ a Flamen. Duerch dat séiert Agräife vun de Pompjeeë konnt d’Wunnhaus gerett ginn. 

1956

10.01. Kamäinbrand beim Emile Lauterbour

04.05. Feier am Steebroch „Simon“

1957

08.04. Kamäinbrand beim Prudhomme Alfred

1959

04.09. Hausbrand beim Jean Grethen 

Wéi d’Nopere gemierkt haten, datt aus dem Daach vum Jean Grethen sengem Haus décken Damp a Flamen erausgeschloe sinn, hu si d’Awunner alarméiert.

D’Wunnhaus stung ganz séier a Flamen an ass bis op d’Grondmaueren ofgebrannt. Aus dem Haus selwer konnten nach Miwwele gerett ginn an och en ugebautent Gebai blouf virum Feier verschount. 

28.11. Groussbrand am Bauerebetrieb Krier-Oswald zu Fréiseng

1961

07.04. Kamäinbrand beim Jean Lauterbour

20.04. Kamäinbrand am Haus Gillen

1962

23.07. Brand an der Schräinerei Alfred Neyen

Den 23. Juli géint halwer sechs owes brécht an der Schräinerei Alfred Neyen e Feier aus. D’Pompjeeë vun Uespelt a Mondorf, zesumme mat de Beruffspompjeeën aus der Stad, konnten net verhënneren, datt d’Schräinerei bis op d’Grondmaueren ofgebrannt ass.

Holz, Miwwelen a Maschinne goufen duerch d’Feier zerstéiert. D’Wunnhaus, dat direkt ugebaut war, konnt ouni gréissere Schued gerett ginn.

1963

06.02. Brand beim Victor New

1967

09.04. Bëschbrand tëschent Uespelt an Altwies

1968

17.02. Kamäinbrand am Hotel Kaempff

1969

07.10. Zëmmerbrand am Hotel Kaempff

1970

23.04. Stallbrand beim Robert Aulner

27.06. Zëmmerbrand am Hotel Kaempff

1971

14.04. Bëschbrand tëscht Uespelt an Altwies

09.11. Brand am Haus Wagner-New

D’Haus konnt net méi gerett ginn. Well net genuch Drock op der Waasserleitung war, hunn d’Pompjeeë missen d’Waasser vun der Gander méi wéi 250 Meter bis op de Kläppchen eroppompelen.

1972

30.07. Groussbrand am Bauerebetrib Flies-Fisch zu Helleng

Well d’Pompjeeën ze vill Zäit verluer hätten, mat engem Trakter hiren Unhänger op Helleng ze zéien, hunn si kuerzerhand engem Kuelenhändler vun Uespelt säi Camion geléint. Domadder si si méi schnell op Helleng komm, an eng Equipe vu 16 Pompjeeën huet um Kipper vum Camion Plaz fonnt. Den Unhänger mat der Pompel hannert dem Camion an d’Pompjeeën uewen um Kipper, sou hu si e beandrockend Bild bei deenen anere Pompjeescorpsen hannerlooss.

1973

11.08. Scheierbrand beim Baptiste Hoffmann

04.09. Brand bei Raus-Arend

An der Scheier, déi iwwer de Ställ lung, ass am Betrib Raus-Arend e Feier ausgebrach.

D’Véi konnt mat Zäite gerett ginn, awer d’Scheier an d’Ställ sinn total ausgebrannt.

Trotz der schwiereger Waasserversuergung konnt verhënnert ginn, datt d’Flamen op aner Gebaier iwwergegraff sinn.

 1974

06.02. Kamäinbrand am Haus Lauterbour Elvire 

09.09. Kamäinbrand am Haus Stoffel Louis

1975

16.11. Brand beim Hary Edouard

1976

31.08. Brand beim Eugène Schmit

Duerch e Groussbrand am Bauerebetrib vum Eugène Schmit, ass nieft der Scheier an de Ställ dat ganzt Stréi, d’Hee an d’Fruucht vum Feier zerstéiert ginn. D’Pompjeeën hunn d’Baach mat Mëscht gestaut, well duerch déi laang Drécheperiod net genuch Läschwaasser do war.

1978 

12.02. Groussbrand beim Aloyse Gouden

Den 12. Februar op Buergsonndeg ass géint 18.15 Auer am Bauerebetrib vum Al. Gouden e Feier ausgebrach bei deem 8 000 Botten Hee an 3 000 Botte Stréi zerstéiert gi sinn. Dräi Béischte sinn an de Flamen ëmkomm. Bei minus foffzeng Grad sinn eis Pompjeeën deen Owend op eng haart Prouf gestallt ginn, well duerch déi äiseg-kal Temperaturen ass d’Läschwaasser ganz séier gefruer.

D’Corpse vu Fréiseng, Mondorf, Diddeleng, Réiser a Beetebuerg hu missen deenen Uespelter Pompjeeën hëllefe kommen, fir dee Groussbrand ënner Kontroll ze bréngen. Nach zwee Deeg duerno war rondrëm d’Auer eng Brandwaach op der Plaz.

An dach sinn och hei d’Scheier an d’Ställ ofgebrannt. Zwee Pompjeeë goufe bei de Läschaarbechte verwonnt.

1979

15.04. Brand am Haus Roger Meyer zu Fréiseng

08.07. Doud vun dräi Mënschen an engem Pëtz

Den 8. Juli koumen dräi Mënsche ëm d’Liewen, wéi si probéiert hunn, e Pëtz um „Krokelshaff“ tëschent Uespelt a Fréiseng propper ze maachen.

An enger Déift vun ongeféier 18 Meter haten zwee Aarbechter e Bensinsmotor gezünt an doduerch hu sech d’Ofgasen am Schacht ausgebreet. No kuerzer Zäit waren déi zwee Männer vu sech a sinn an d’Waasser gerutscht. Well d’Fra vun engem vun den Affer hinnen hëllefe wollt, ass si an de Schacht nogeklomm. Hir ass et och schlecht ginn, a wou d’Pompjeeën op d’Plaz komm sinn, konnten déi dräi nëmmen nach dout gebuerge ginn.

27.09. Groussbrand am Uwiesen Stremler zu Fréiseng

Scho wou d’Sirene gaang sinn, huet ee vun Uespelt aus d’Feier zu Fréiseng gesinn. An deem Ament wor jidderengem d’Ausmooss vun der Katastroph kloer.

1980

27.01. Kichebrand am Haus Albert Raus-Arendt

14.06. Scheierbrand beim Gilbert Gillen

1981

04.06. Héichwaasserkatastrof an der Post

12.06. Sich no engem entfouerte Kand

30.12. Héichwaasserkatastrof beim Michel Schmit 

Duerch dee ville Reen stungen op ville Plazen zu Uespelt d‘Kelleren ënner Waasser. Besonnesch schlëmm war et an der „Rue Pierre d’Aspelt“ beim Michel Schmit. Déi Strooss déi iwwer d’Baach féiert, war eréischt viru kuerzem nei gemaach ginn. D’Aarbechter awer haten d’Verschalungen an der Baach vergiess ewech ze maachen an esou huet d’Waasser sech massiv gestaut. En halwe Meter héich ass d’Wasser duerch d’Scheier vum Michel Schmit an d‘Strooss gelaf. Mat engem Damm aus Mëscht ass verhënnert ginn, datt nach méi Haiser Waasser an de Keller kritt hunn. Déi Fréisenger Pompjeeë waren um Kläppchen am Asaz, fir och do d‘Kelleren auszepompelen.

1982

22.01. Kamäinbrand beim Hary Edouard  

19.02. Brand an engem Schapp beim Gillen Gilbert

1984

19.03. Groussbrand beim Edouard Hary

07.06. Brand beim Fernand Friederich    

E Groussbrand zerstéiert d’Scheier am Bauerebetrib vum Fernand Friederich.

Géint 15.45 Auer hu Noperen niewent dëm Kamäin Flame bemierkt, déi a kierzester Zäit op déi ganz Scheier iwwergegraff haten.

Eis Pompjeeën, déi ganz séier op der Plaz woren, konnten net méi verhënneren, datt de ganze Scheierdaach ofgebrannt ass. Iwwer 30 Stonne woren si am Asaz, sou datt en Iwwergräife vun de Flamen op déi zwee ugebaute Wunnhaiser konnt verhënnert ginn.

1986

Zëmmerbrand beim Bernard Moris

1987

17.05. Kamäinbrand am Hotel de Nederlanden

1988

22.05. Groussbrand an der Leemillen tëschent Uespelt an Altwies 

D’Leemillen, déi scho säit enger Zäit net méi bewunnt war, ass den 22. Mee total ausgebrannt. Well d’Millen an engem Dall tëschent Uespelt an Altwies läit, gouf d’Feier eréischt spéit bemierkt. Wéi d’Pompjeeë geruff goufen, stong d’ganz Gebai schon a Flamen, an d’Corpse vun Uespelt, Fëlschdref, Duelem, Mondorf a Réimech konnten net méi vill ausriichten.

21.06. Groussbrand am Uwiesen Schumacher zu Fëlschdref           

Am Bauerebetrib vum Schumacher vu Fëlschdref  war owes e Feier ausgebrach, bei deem dat ganzt Lager vun Hee- a Stréibotten zerstéiert ginn ass. D‘Ranner konnte gerett ginn, awer 30 Schwäi woren d’Affer vun deem Groussbrand. Well et vill Problemer mat der Waasserversuergung gi sinn, haten e puer Bauere gehollef, dat néidegt Waassser mat Trakteren a Pifffässer erbäizebréngen. D’Pompjeeë vu Fëlschdref, Duelem, Welfreng, Mondorf an Uespelt waren am Asaz.

27.08. Groussbrand beim Jos. Freymann zu Fëlschdref      

Géint véier Auer moies hunn d’Awunner vum Bauerebetrib an enger Scheier Feier bemierkt. Während d’Ranner aus de Flame konnte gerett ginn, sinn awer de Stall an d’Scheier mat de landwirtschaftleche Maschinnen an der Stréirécolte vum Feier zerstéiert ginn. Duerch dat séiert Agräife vun de Pompjeeë vu Fëlschdref, Duelem, Mondorf, Uespelt, Réimech an Diddeleng konnt en Iwwergräife vun de Flamen op d’Wunnhaus verhënnert ginn.

1990

3.02. Orkan iwwer ganz Lëtzebuerg

Mat Spëtzegeschwindegkeete vun 130 Stonnekilometer bléist en Orkan iwwert eist Land a fuerdert een Doudesaffer a fënnef Schwéierblesséierter. Besonnech um Bëschbestand riicht de Stuerm en enorme Schued un. Och an eiser Gemeng huet e seng Spueren hannerlooss: Beem sinn ëmgefall, vun den Haiser sinn Diech ofgedeckt ginn an Zille fortgeflunn. D’Pompjeeën hu missen op villen Asazplazen agräifen, fir de betraffenen Awunner ze hëllefen.

29.06. Daachstullbrand beim R. Niesen zu Fréiseng

14.07. Véier jonk Mënsche verbrennen an hirem Auto

Et war samschdes moies fréi, wou e jonke Chauffer an enger schaarfer S-Kéier an der Rue Krokelshof d‘Kontroll iwwer säi Won verluer huet an un d’Schleidere komm ass.

Duerch déi grouss Vitesse ass den Auto regelrecht ofgehuewen an an e Bam op der rietser Stroossesäit gerannt. Den Opprall war sou staark, datt déi véier Leit am Auto, tëscht 17 an 20 Joer,  op der Plaz dout waren. Den Auto, dee kuerz drop Feier gefaang huet, ass komplett ausgebrannt.

Dräi vun deene jonke Leit wore Jonge vun Uespelt an ee Jong war vun Elweng.

8.11. Kichebrand am Café „Beim Gerard“ zu Helléng

1991

15.02. Groussbrand beim Roger Mangen zu Syren

Fir d’Pompjeeë vu Syren, Weiler/Haassel an Hesper z‘ënnerstëtzen, sinn déi Uespelter Pompjeeë mat hirem Tankwon op Syren geschéckt ginn.

07.08. Groussbrand an der Hostellerie du Millénaire, Weiler

E Schued a Milliounenhéicht war bei engem Groussbrand tëschent Fréiseng an Alzeng entstan, wéi e Feier dee ganzen Daachstull vum Restaurant zerstéiert huet. D’Läschaarbechte waren immens schwiereg, well et duerch déi laang Drécheperiod u Waasser gefeelt huet. D‘Pompjeeën aus der Ëmgéigend si mat hiren Tankween op d’Plaz geruff ginn, fir d’Läschwaasser vun Alzeng erbäizebréngen.

1992

22.01. Camionsbrand, Dräikantonsstrooss bei Welfreng 

An de fréien Owesstonnen ass op der Dräikantonsstrooss bei Welfreng e Camion komplett ausgebrannt. Am Camion, dee mat 12,5 Tonnen Schongeinlagen an 2,5 Tonnen Stolrummen fir Autosmotore geluede war, koum et op eng Kéier an der Boîte zu enger Explosioun wouduerch den Dieselstank Feier gefaang huet. Wéi d’Pompjeeë vu Bus op d’Plaz koumen, stong de Camion scho ganz a Flamen, sou datt séier Verstäerkung vun Uespelt, Réimech, Mondorf, Fëlschdref an Duelem nogefrot gouf.

24.02. Kichebrand beim Carlo Raus

08.03. Een Doudesaffer bei engem Accident zu Uespelt op der Gare

An enger laang gezunnener Rietskéier koum eng Automobilistin aus net gekläerter Ursaach mat hirem Auto lénkssäiteg vun der Strooss of. Den Auto huet en Zonk duerchbrach an ass zwee Meter méi déif an eng Mauer gerannt. Eng 66 Joer al Fra huet dat Accident net iwwerlieft. E Kand an eng weider Fra si blesséiert ginn.

15.04. Déidlecht Accident tëschent Uespelt a Fréiseng

Op der Streck tëschent Uespelt a Fréiseng koum en Automobilist an enger laang gezunnener Rietskéier op déi lénks Bunn an ass do frontal an e Camion gerannt, deen him entgéintkomm ass. Duerch den Opprall ass de Camion op déi riets Spuer geroden an huet den Auto an de Summerwee gedréckt. De Camion ass eréischt an enger Wiss hannendrun un d’Stoe komm. Fir den Autoschauffer koum all Hëllef ze spéit.

1993

03.08. Groussbrand bei der Culifrance zu Léiweng

An de fréie Mueresstonnen gouf am Réiserbann Groussalarm ausgeléist: An der Industriezon Léiweng I huet e Geschäftszentrum gebrannt. Déi Réiser Pompjeeë hu misse ganz séier Verstäerkung nofroen, sou datt d‘Pompjeeë vun Uespelt, Beetebuerg, Diddeleng, Esch, Fréiseng an Hesper de Brand am Miwwelgeschäft „Meubles 2000“, dem Kleedergeschäft „Contrario“ an dem Kichegeschäft „Culifrance“ bekämpft hunn. Di dräi Geschäfter si komplett zerstéiert ginn. D‘Pompjeeë konnten awer verhënneren, datt eng Pizzeria, déi och zu deem Komplex gehéiert huet, d’Affer vun de Flame ginn ass.

26.08. Stréibrand zu Welfreng

Iwwer 500 Rundballe Stréi an eng grouss Zuel vu Beem si verbrannt, wéi an engem Feld Botten ugefaang hu mat brennen. Well d’Stréi direkt bei engem Bësch luch, war d‘Gefor grouss, datt d’Feier op de Bësch ging iwwergräifen. Fir Waasser op d’Plaz ze kréien, huet missen eng Schlauchleitung vu Welfreng aus, vun ongeféier engem Kilometer geluet ginn. 

20.09. Mann dreet säi Gastank an d’Lut ze sprengen

Grouss Opreegung gouf et am Nomëtteg an der Rue de l’École, wéi e Mann vu 35 Joer wéinst familiäre Problemer ugekënnegt huet, sech mat sengem Haus an d’Lut ze sprengen. No zwou Stonnen huet eng Spezialeenheet vun der Police de Mann iwwerwältegt.

20. + 21.12. Héichwaasser

1994

30.03. Brand am Café Walisch

13.12. Zëmmerbrand am Café „Am Kraeltgen“

An engem vun de Studioen, déi iwwer dem Café „Kraeltgen“ leien, wor am spéiden Owend e Feier ausgebrach. Duerch dee villen Damp huet dat ganz Gebai missen evakuéiert ginn.

1995

22. bis de 25.01. Héichwaasser

Duerch dee ville Reen ass de Pegel vun der Gander sou héich geklommen, datt d’Waasser iwwer der Bréck bis bei d’Haus Biwer stung. Op zwielef Plazen hu misse Kelleren eidelgepompelt ginn. Well de Pegel ëmmer nees gefall an duerno erëm geklommen ass, waren d’Pompjeeë während véier Deeg am Asaz fir de Leit ze hëllefen.

27.02. Déidlecht Accident bei der Post

Aus net gekläerter Ursaach ass en Automobilist op déi aner Stroossesäit geroden an do mat sengem Auto ënnert e Bus gerannt. De Chauffer, deen eleng am Auto sutz, huet seng schwéier Wonnen net iwwerlieft.

 1996

16.01. Groussbrand bei Meysembourg an der Mondorfer Strooss zu Fréiseng 

Wéi d’Pompjeeën op der Plaz ukoumen, sinn d’Flame schon zum Daach erausgeschloen an Deeler vum Daach waren agefall. D’Haus, dat net méi bewunnt war, ass zum gréissten Deel zerstéiert ginn, wougéint d’Scheier an d’Ställ keng gréisser Schied haten.

16.06. Totalbrand vun enger Frittebud tëscht Fréiseng an Helleng

Mat der Hëllef vun de Pompjeeën aus dem Réiserbann, konnten  d’Corpse vu Fréiseng an Uespelt verhënneren, datt d’Flamen op d’Hee, dat an engem Stéck hannert der Frittebud lung, iwwergegraff sinn. Fir d’Läschwaasser erbäizebréngen ass, wéi schon esou oft virdrun, en 10 000-Liter-Pifffaassagesat ginn.      

09.09. Camionsaccident op der Kräizung zu Fréiseng

Wéinst Glatäis koum en Tankwon, dee Mazutt transportéiert hat op der Kräizung zu Fréiseng un d’Schleideren sou datt doropshin d’Zuchmaschinn mam Trailor kollidéiert ass. Bei der Kollisioun gouf den Tank vun der Zuchmaschinn beschiedegt, an 250 Liter Diesel sinn op d’Strooss gelaf. D’Pompjeeë vu Fréiseng an Uespelt hunn de Mazutt mat spezielle Mëttele gebonnen, an an der Gander hu missen Uelegspären opgeriicht ginn. 

12.12. Bëschaarbechter gebuergen

En Aarbechter hat sech am Bësch e Bee gebrach, an et war onméiglech mat enger Ambulanz bis bei dee Blesséierten ze kommen. Zesumme mam Sauvetage vu Beetebuerg hunn eis Pompjeeën de Mann vun 120 Kilo op engem Brancard en Hang vu 500 Meter duerch décke Bulli erofgedroen. Mëttlerweil war et och nach däischter ginn an eréischt wou déi lescht Hürd (d’Gander) geholl war, konnt de Mann vum Dokter behandelt ginn.

1997

18.03. Zëmmerbrand an der „Aler  Schoul“

Duerch eng iwwerhëtzten Heizung war géint zeng Auer owes e Feier an der aler Schoul zu Uespelt ausgebrach. En Teppech, deen direkt widder der Heizung luch, hat ugefaang mat brennen. D’Pompjeeën, déi deen Owend grad eng Übung haten, waren direkt op der Plaz a konnte verhënneren, datt d’Feier sech ausgebreet huet. 

Well sonndes sollt e Basar sinn, haten d’Fraen a Mamme Corbeillen an aner Gewënner fir hir Tombola an deem Raum gelagert an duerch dee villen Damp waren déi Saachen net méi ze gebrauchen. 

13. bis de 15.06. Stuerm- a Waasserschued

1998

Am Joer 1998 hun d’Pompjeeën am Ganzen bei 13 ganz schwéier Accidenter missen hëllefen.

09.05. Déidlecht Verkéiersaccident tëschent Uespelt a Fréiseng

Well et engem eelere Mann schlecht gi wor, ass hie mat sengem Auto op déi aner Stroossesäit geroden an do frontal an en Auto gerannt, deen him entgéintkomm ass. Déi zwee Chauffere konnte just nach dout aus hiren Autoe gebuerge ginn.

01.06. Déidlecht Verkéiersaccident an der Rue Krokelshof

Et war op Päischtméindeg, wéi d‘Pompjeeën iwwer den 112 op en Accident geruff gi sinn. Grouss wor de Schock, wéi si festgestallt hunn, datt ee vun hire Pompjeeën, de Christian Eiffes, an dat Accident verwéckelt wor.

De Christian sollt seng schwéier Wonnen net iwwerliewen. 

Véier Joer war hien an de Pompjeeën, a während där Zäit ass hie fir d’Equipe e gudde Komerod ginn. Oft hat de Christian duerch säin Optriede vill Stëmmung an d’Pompjeesübunge bruet, ouni den Eescht vun der Saach ze verkennen. Bei deene verschiddenen Asätz konnt ee sech op hie verloossen, a bei de Cortèger hat hie mat Stolz de Pompjeesfändel gedroen. D’Pompjeeën halen de Christian a gudder Erënnerung, an dofir hängt och haut nach eng Foto vun him am Pompjeesbau.

11.07. Zwee schwéier Blesséierter tëscht Uespelt a Fréiseng

Wéinst vill ze héijer Vitesse hat e jonke Chauffer d’Kontroll iwwer säi Won verluer an ass op déi aner Stroossesäit geroden. Hien ass frontal an en Auto gerannt, deen him entgéintkomm ass. Iwwer eng Stonn hunn d’Rettungséquipe misse schaffen, fir déi zwee schwéier Blesséiert aus hiren Autoen erauszekréien.

07.08. Déidlecht Accident op der Huuscht

Tragesch war dat Accident hannert Uespelt, wéi e klenge Jong, dee bei sengem Monni um Trakter sutz, d’Gläichgewiicht verluer huet an dunn erofgefall ass. De Jong ass ënnert dee viischte Pneu geroden an ass nach op der Plaz gestuerwen. 

1999

21.10. Gasexplosioun an der Rue de l’Eglise zu Fréiseng

Aarbechter waren domadder beschäftegt, virun engem Eefamilljenhaus mat engem Loftdrockhummer e Gruef auszehiewen, wéi et op eng Kéier zu enger Explosioun am Heizungsraum komm ass.Glécklecherweis gouf keng Persoun blesséiert. Den Heizungsraum ass ausgebrannt, an d’Dieren um ënneschte Stack vum Haus goufe beschiedegt. Duerch den Damp an déi grouss Hëtzt ass héije Materialschued entstan. 

11.12. Autosbrand an der Mondorfer Strooss   

2000

31.01. Zëmmerbrand beim Emile Schmit an der Rue de l’Ecole 

En ongewinntenen Asaz haten d’Pompjeeën am fréie Mëtteg: si sinn op e Brand geruff ginn wou d’Feier schon zwee Deeg aus war. Iwwer de Weekend, wéi kee Mensch am Haus war, hat de Fernseh ugefaang mat brennen. Well awer Dieren an d’Fënstere gutt zou waren, ass d’Feier erstéckt a vum selwen rëm ausgaang. D’Pompjeeën hunn nach just gehollef raumen.

08.05. Iwwerschwemmungen an der Rue des Prés zu Helleng

24.05. Zëmmerbrand an der Rue Hau zu Fréiseng

Wéi d’Pompjeeë vun Uespelt a Fréiseng op d’Plaz koumen, krute si gemellt et wier eng Persoun vermësst an déi misst nach am Haus sinn. Duerch dee staarken Damp, deen och schon zu den Daachluken erauskomm ass, sinn d’Pompjeeë mat schwéierem Otemschutz an d’Haus eragaang. Méi spéit huet sech erausgestallt, datt déi Persoun guer net doheem war. Dräi kleng Kazen, déi an engem Schaf waren, konnten d’Pompjeeën a Sécherheet bréngen.Gebrannt hat eng Matratz, déi um éischte Stack um holzene Buedem luch. 

02.07. Stuermschied

Stuerm a Knëppelsteng hu grouss Schied an eiser Gemeng hannerlooss. Zu Uespelt an der Rue Pierre d’Aspelt, an der Rue de Filsdorf an zu Fréiseng an der Rue de Mondorf an an der Rue Robert Schuman. Besonnesch schlëmm war et op der Strooss tëscht Alzeng a Fréiseng: Beem waren ëmgefall, an d’Strooss war voll Äscht.

07.07. Héichwaasser um Camping zu Alzeng

Duerch e schwéiert Wieder war de Camping zu Alzeng iwwerschwemmt ginn. 56 Camper dorënner 18 Kanner, hu missen evakuéiert ginn.D’Pompjeeë vun Uespelt hu gehollef déi betraffe Leit an de Centre civique op Hesper ze féieren, wou Feldbetter opgeriicht gi sinn.

01.09. Mystèriéise Läichefond um Kiischtebierg

Am Nomëtteg ass an engem Feldwee tëscht Uespelt an Altwies en Auto ausgebrannt.

Nieft dem Auto hunn d’Pompjeeën eng verbrannte Läich fonnt. Spéider sollt sech erausstellen datt de Mann selwer Benzin iwwer sech geschott hat fir sech d’Liewen ze huelen.

23.09. Stréibottebrand an der „Lëtzebuerger Strooss“ zu Fréiseng 

Am Kinnekswee zu Fréiseng hunn 150 Rundballen Hee gebrannt. D’Pompjeeë vun Uespelt a Fréiseng ware während fënnef Stonnen am Asaz.  

20.12. Zëmmerbrand an der Rue Hau zu Fréiseng

2001

09.06. Déidlecht Verkéiersaccident zu Fréiseng

E Chauffer, dee mat sengem Auto aus Richtung Frankräich koum, geréit 100 Meter hannert der Grenz un d’Schleideren an ass dobäi an en aneren Auto gerannt deen him entgéintkomm ass. Den éischten Auto ass direkt a Flamen opgaang. De Chauffer, deen aleng am Auto sutz, konnt trotz de Beméiunge vu Passanten(ënner anerem och zwee Uespelter Pompjeeën) net méi erausgeholl ginn an ass a sengem Auto verbrannt. Deen anere Chauffer hat e Schock.

16.12. Hausbrand beim Marcel Rettel zu Fëlschdref

Géint zeng Auer owes sinn eis Pompjeeën op Fëlschdref op en Hausbrand geruff ginn. An deem ale Bauerenhaus war d’Feier an der Kichen ugaang, hat ganz séier op den éischte Stack iwwergegraff an et hat och net laang gedauert, bis d’Flamen zum Daach erausgeschloe sinn. 

Duerch déi kal Temperature goufen d’Läschaarbechten erschwéiert, well d’Waasser direkt um Buedem gefruer ass.

2002

19.08. Wisebrand an der Mondorfer Strooss