Geschichte

Veräinsgeschicht vun den Uespelter Pompjeeën

(1928 – 2005)

Och scho virun der offizieller Grënnung vum Uespelter Pompjeescorps am Joer 1928 gouf et an eisem Duerf fräiwëlleg Bierger déi bereet waren fir hire Matmënsche bei Feier an a Noutsituatiounen ze hëllefen.

De Fréisenger Pompjeescorps gouf 1896 als éischte Corps an eiser Gemeng gegrënnt, an eréischt de 15. Abrëll 1928 hu sech 37 Fräiwëlleger eng éischte Kéier getraff, fir och zu Uespelt e Pompjeescorps an d’Liewen ze ruffen. Ënnert der Leedung vum Här Jean-Pierre Rosenfeld wor dunn den 18. Mee 1928 am Café Raus eng Versammlung, wou deen deemolege Kantonalinspekter a -sekretär, den Här Grund, d’Statute vum Verband an dem Kanton erkläert huet. D’Uschafe vu Material an Uniformen souwéi d’Ofhale vu Marsch- a Geräteübunge goufen deem neie Corps un d’Häerz geluet. Mat der Devise „Ee fir all, an all fir eené gouf dës Versammlung ofgeschloss, an d’Pompjeeën Uespelt woren domadder definitiv gegrënnt.

Als éischte Kommandant gouf de Jean-Pierre Raus ernannt, Ënnerkommandant war de Jean-Pierre Rosenfeld. De Komitee huet sech nach aus véier anere Leit zesummegesat, an zwar dem Louis Raus (Sekretär), dem Jos. Schroeder

(Keessier) an de Membren Théodore Dupont a Jean-Baptiste Fritz.

D’Asazmaterial dat de Pompjeeën zur Verfügung stung, wor eng Schlauchhaspel déi vun Hand gezu gouf, déi einfachst Form vun engem Schlauchwon aus dem Joer 1890. Ënner aanerem haten si nach eng Leeder, zwou Lanzen, zwee Rettungsrimmer an zwou Leinen. Bei dat ufänglecht,

primitiivt Material, koum am Laf vun de Jore verschiddent Läschmaterial erbäi, awer de Mangel u gëeegentem Geschir blouf d’Haaptsuergekand säit der Grënnung vum Corps.

1940-1945 De Pompjeescorps während dëm Zweete Weltkrich

Wéi den Zweete Weltkrich ugong, hu vill Leit an deene batteren Noutzäiten ëm hire Besëtz gefaart. De Krich huet dem ganze Land, mä och dem Duerf vill schwéier Wonne geschloen.

An de Joren 1940 bis 1945 sinn d’Pompjeescorpse vum däitschen Okkupant op „Zivilschutz“ ëmgedeeft ginn. Fir net ënnert den däitsche Régime ze falen, sinn d’Aktivitéite vun der Wier ganz zréckgaang. Eréischt, wéi d’Amerikaner ugefaang hunn, äitschland ze bombardéieren, hu sech e puer Uespelter Pompjeeën zesummegedoen, fir bei engem Feier kënnen direkt anzegräifen. All Nuecht hu si op dräi Plazen am Duerf eng Brandwaach vun all Kéiers zwee Mann opgestallt.

1946 Den Oscar Schneider, en onvergiessleche Kommandant

1946 hu sech nees eng Rei Männer zesummefonnt, an ënnert der Leedung vum neie Kommandant, dem Oscar Schneider (Pëtz Oscar), konnt de Veräin erëm op d’Bee bruecht ginn. Den Oscar Schneider sollt dunn bis zu senger Pensioun den 11. Januar 1975, un der Spëtzt vum Uespelter Pompjeescorps stoen.

Hie war als Kommandant an och als Kompaniechef net nëmmen am Kanton Esch bekannt. Och d’Beruffspompjeeën aus der Stad haten hir Erfahrunge mat him. Ouni ze zécken huet hien hinnen ze verstoe ginn, datt, wann een aus der Stad kënnt, näischt vun engem Stall- oder Scheierbrand kennt.
Nach haut kritt een d’Geschicht vum Uespelter Kommandant ze héieren, deen d’Beruffspompjeeën heem geschéckt huet mat de Wierder: “Dat ass eist Feier!”

1949 Déi éischt Motorsprétz gétt ugeschaaft

Am Mee 1949 ass déi éischt Motorsprëtz ugeschaaft ginn. Schonn an deene nächste Joeren huet d’Sprëtz bei verschidde Bränn missen agesat ginn, a mat hirer Hëllef konnt d’Feier all Kéier geläscht ginn.

1951 D’Pompjeeën spillen Theater

Datt eis Pompjeeën awer och schauspilleresch Talenter haten, hu si bewisen, wéi si am Joer 1951 ugefaang hunn, Theater ze spillen. Während aacht Joer, ëmmer Mëtt Mäerz, hunn d’Akteure mat vill Freed a Begeeschterung e Lëtzebuerger Theaterstéck, mat Musek a Gesank, gespillt. Mat Stécker ewéi „Fendelkand aus dem Hexegronn“, „D’Staffels Berta“, „De verhexte Stodent“, „D’Joffer Marie-Madeleine“, „De Klautje vu Lällgen“ a.s.w. hunn all déi verschidde Personagen hir Nolauschterer erfreet.

1952 Neie Fändel

Am Mäerz 1952 gouf en neie Fändel bestallt, an den 10. August datselwecht Joer ageseent. Bei dëser Fändelswei waren d’Marie Irrthum Giedel an de Mathias Frantzen Pätter.

1959 30-järegt Bestoen

Den 23. Januar 1959 feieren d’Pompjeeën d’30-järegt Bestoe vum Corps. Gefeiert gouf dëse Gebuertsdag am Café Jacqué-Weyrich, zesumme mam Buergermeeschter Charles Wirtgen, dem Schäffe Mathias Raus an de Conseilleren Jean-Pierre Rosenfeld an Eugène Marnach, der Léieren Martha Rosenfeld an dem Schoulmeeschter Jos. Besch an de Presidente vun de Veräiner.

1969 Eng nei Pompel an e neien Unhänger

Am Februar 1969 kréien d’Pompjeeën eng drobar Pompel (TS 8/8) vun der Mark Klöckner-Humboldt-Deutz, an zwee Méint méi spéit kënne si och en neien Unhänger (TSA) mat Schlauchmaterial an Empfang huelen.

13. Mee 1979 Kantonaltagung zu Uespelt

24 Corpsen aus dem Kanton Esch ware mat 436 Pompjeeë vertrueden, wéi den 13. Mee zu Uespelt d’Kantonaltagung ofgehale gouf. De President vom Kantonalverband Esch, de Jean Stracks, konnt nieft dem Buergermeeschter Mathias Raus och den Innenminister Jos. Wohlfart begréissen. Nodeems d’Corpse fir den Defilee opgestallt woren, huet den Zolwer Corps de Kantonalfändel un déi Uespelter Pompjeeën iwwerreecht. D’Kantonalfest gouf mat verschidden Demonstratioune vun de Jugendpompjeeë Fréiseng an enger Staffel vun den Uespelter Pompjeeën ofgeschloss.

1980 Porte ouverte

Wärend e puer Stonnen haten d’Leit Geleeënheet d’Asazmaterial ze besichtegen. ënnert der Leedung vum Kommandant Roger Graff an dem Ënnerkommandant Gilbert Trommer gouf demonstréiert wéi ee mat Feierläscher an aneren einfache Mëttele kleng Bränn läsche kann. Och d’Motorsprëtz aus dem Joer 1925 koum zum Asaz.

1981 Aweiung vum neien TLF 2000

No laangen an zéie Verhandlungen hat de Gemengerot sech endlech bereet erkläert, en Tankwon unzeschafen. An deene leschte Jore war dat Thema „modernt Material“ ëmmer e grousse Sträitpunkt tëschent de Pompjeeën an de Gemengeresponsablen. An der Generalversammlung am Joer 1979 war et souguer sou wäit komm, datt de Buergermeeschter Mathias Raus, no enger zolitter Diskussioun mam Kommandant Roger Graff an dem Fran ois Reuter (Vizepresident vun dem Lëtzebuerger Pompjeesverband), de Sall verlooss huet. No villem Hin an Hier konnt dunn de 26. September 1981 den neien TLF 2000 ageweit ginn.

1983 Kommandantewiessel

Am Alter vun 32 Joer iwwerhëllt de Gilbert Trommer, no 6 Joer als Ënnerkommandant, den Uespelter Corps. Et war déi Zäit, wou d’Pompjeeë mat ville Problemer ze kämpfen haten. D’Übunge sinn zwar nëmmen eemol de Mount ofgehale ginn, trotzdeem war et ganz schwéier fir d’Leit ze beweegen op d’Übungen ze kommen. Och fir neit Material ass de Gilbert bei den deemolege Gemengeresponsablen op daf Ouere gestouss. Hien nuet net esou séier opginn, a well hien déi néideg Rou hat, wosst hien ëmmer ërem, de Corps an der Rit ze halen.

1991 Kommandantewiessel

De Fernand Schmidt gëtt neie Kommandant. Zu deem Moment sinn eng ganz Partie nei a jonk Leit an d’Uespelter Pompjeeë komm. Et ass eng Zäit komm vu groussen Aktivitéiten, haaptsächlech um Niveau vun der Formatioun.

1995 En neie Mannschaftswon

Am Mee 1995 kréien d’Pompjeeën en neien MTW. De „Ford Transit“ huet néng Plazen an ass équipéiert mat Mobilfunk an engem Autotelefon. Vun lo un brauchen eis Pompjeeën net méi mat hire Privatautoen op d’Asätz ze fueren.

1997 E Gerätewon gëtt ugeschaaft

Aus de Bestänn vun der Gendarmerie gëtt aus eegene Mëttelen eng eidel Camionette ugeschaaft. Während deene nächsten zwee Joer bauen d’Pompjeeë se, duerch d’Erfahrung aus den Asätz an Inspiratioun vun anere Ween, zu engem funktionelle Gerätewon ëm.

Juni 1997 D’Alarméierung vun den Uespelter Pompjeeë gëtt moderniséiert

Bis zu deem Ament sinn d’Pompjeeën iwwer Sireen oder iwwer Telefon erbäigeruff ginn, awer an Zukunft geschitt dëst duerch e Piipsert, dee jidderee soll de ganzen Zäit bei sech hunn.

1999 Kommandantewiessel

An enger ausseruerdentlecher Generalversammlung gouf et e Wiessel um Kommandanteposten. De Fernand Schmidt huet no aacht Joer säin Amt néiergeluet a gëtt duerch de Roger Beissel ersat. Am Alter vu 17 Joer ass de Roger 1981 an d’Pompjeeë komm an huet direkt d’Sekretariat iwwerdroe kritt. 1991 ass hien Ënnerkommandant ginn a war vun do un fir d’Formatioun vun de Pompjeeën zoustänneg.

Juli 1999 Aweiung vum neie Sprëtzenhaus a vum Gerätewon

Wéinst akutem Plazmangel a verschiddene Sécherheetsproblemer hat de Gemengerot décidéiert, den Uespelter Pompjeesschapp deenen neien techneschen Ufuerderungen unzepassen. Iwwer zwee Joer hunn d’Ëmbauaarbechten an der Garage vum Centre Polyvalent gedauert. Nieft engem Versammlungsraum sinn ënner anerem déi néideg sanitär Ariichtungen a Vestiairë geschafe ginn.

2003 75 Joer-Feier a Kantonaldag zu Uespelt

De 17. Mee feieren d’Uespelter Pompjeeën hire 75. Jubiläum mat enger Mass an enger Aweiung vun engem neie Fändel.

Den 18. Mee gëtt de Kantonaldag zu Uespelt fir d’éischt ënnert enger neier Form organiséiert.

2005

De Corps steet haut op gesonte Been, mat enger Equipe vu gutt forméierten an aktive Pompjeesdammen an -hären. Wéi och hir Virgänger, si si schon oft bei deene verschiddensten Asätz an der Gemeng, an och auswäerts, op eng haart Prouf gestallt ginn.

An deene 77 Joer Bestoen vum Uespelter Corps, waren d’Pompjeeën ëmmer ëm eng schnell an effikass Hëllef um Matbierger beméit: si all hu bewisen, datt ee sech op si verloosse kann.

Eis Kommandanten vun 1928 bis 2005:
  • 1928-1939 Jean-Pierre Raus
  • 1939-1940 Jean-Pierre Meysembourg
  • 1946-1975 Oscar Schneider
  • 1975-1977 Jules Peiffer
  • 1977-1983 Roger Graff
  • 1983-1991 Gilbert Trommer
  • 1991-1999 Fernand Schmit
  • 1999- 2012 Roger Beissel
  • ab 2012 Laurent Kiefffer