Archive: 19/05/2024

Vill Asätz wéinst Héichwaasser

De staarke Reen deen e Freideg de 17. Mee 2024 iwwer Lëtzebuerg rof gaangen ass, hat fir vill Iwwerschwemmunge gesuergt.   

Och Uespelt war betraff an déi fräiwëlleg Pompjeeë vum CIS Uespelt hu misse bis samschdes mëttes 10 Mol wéinst dem Héichwaasser intervenéieren.