170 Asätz am Joer 2022
2022 ware mir 170 mol fir iech am Asaz :
- 72 First Responder Asätz
- 66 Technesch Asätz
- 32 Brandasätz
E grousse Merci un eis ganz Equipe fir hiren onermiddlechen Asaz.
2022 ware mir 170 mol fir iech am Asaz :
E grousse Merci un eis ganz Equipe fir hiren onermiddlechen Asaz.
Gemeinschaftsübung mat de CISen vu Fréiseng, Duelem an Weiler-la-Tour, en Dënschdeg, den 20. September 2022, um Haanzenhaff zu Uespelt.
Amicale Pompjeeën Uespelt – CIS Aspelt
E Freideg, den 12. Mäerz 2022 hu mir d’Aktivitéite vun der „Amicale Pompjeeën Uespelt“ a vum CIS Uespelt virgestallt.
2021 ware mir 142 mol fir Iech am Asaz :
E grousse Merci un eis ganz Equipe déi ëmmer disponibel sinn.
Kuckt Iech och de klenge Film op eiser Facebook-Säit un.
E Samschdeg de 25. September hu mir d’Aktioun „Aalt Gezai“ vum Lëtzebuerger Kolpingswierk ënnerstëtzt an d’Kleeder zu Uespelt agesammt.
E puer Impressioune vun eise leschten Übungen:
E klenge Réckbléck op eis Asätz am Mount Juni:
7 First Responder Asätz
5 Technesch Asätz
2 Brandasätz
E grousse Merci un eis Equipe vum CIS Uespelt fir hir Disponibilitéit!
7 Membere vum CIS Uespelt sinn am Kader vun der Promotioun 2020 vun de Medaile vun der Sécurité civile vum Ordre de la Couronne de Chêne fir hir laangjäreg Tätegkeet bei de Lëtzebuerger Rettungsdéngschter ausgezeechent ginn :
Médaille en vermeil de l’Ordre de la Couronne de Chêne:
Médaille du mérite de la sécurité civile (vermeil)
Fir d’Remise des médailles 2020, déi bedéngt duerch de COVID-19 net wéi geplangt stattfanne konnt, gouf dëse Film vum CGDIS realiséiert. Op dës Manéier seet de CGDIS all senge Memberen, déi op dëser Remise sollte geéiert ginn, awer och all anere Membere, Merci fir hiert Engagement am Déngscht vun der Bevëlkerung.
Haut um Samschdeg, war d’grouss Botz an der Gemeng Fréiseng.
Och eng Equipe vun der Amicale Pompjeeën Uespelt huet gehollef.
D’lescht Joer ass vun de Membere vum CIS Uespelt vill Aarbecht geleescht ginn.
105 Asätz waren am leschte Joer ze verzeechnen, dovu 25 Brandasätz, 42 technesch Asätz an 38 First-Responder Asätz.